66’er Konveniat

Zanter dem Enn van hirer Primärschoulzékt trefft d'Klass vam Joergang 1966 aus der aler Héinischter Geméng sech all Joer fir ee Konveniat. Kierzlich wor et fir d'45te Kéier, dass sie sech zesammefonnt han fir ee gemütlichen Owend zu Feschbich am Restaurant Reiff mateneen ze verbrengen. Bei engem gouden Essen goufen allerhand Geschichten van hokt an aus der Schoulzékt verzallt... an de Rendez-vous fir 2024 as well notéiert.