Héinescht: Scheckiwwereechng van de Kanner aus der Catéchèse Por Cliärref

Am Kader van der traditioneller Danksagungsmass zum Aafschloss van der Catéchèse an vam Schouljoer, honn d’Kommiounskanner aus der Por St.Benoît Cliärref zu Héinescht an der Kirich ee Scheck iwwer 10.000 Euro an d’Madame Marie-Josée Jacobs, Präsidentin van der Caritas, iwwerreecht. Dës Souen sënn fir d’Actioun: „Hëllef fir d’Kanner aus der Ukraine an a Moldavien“.

Déi 10.000 Euro sënn den Erléis van der Chrëstaktioun aus der Por Cliärref an van dem Verzicht op Cadeauen van de Kommiounskanner. D’Madame Jacobs hott sech häerzlich bei allen Bedeeligten bedankt. Mat engem Patt an engem gemittlichen Zesamensënn gouf dës sympatisch Feier aafgeschloss.