Dëser Deeg hate sich d'Frauen a Mamme van Héinescht, Fëschbich a Kaalber am Kader van engem gemütliche Nomëttig am Veräinssall zu Héinescht zesamefonnt, fir direkt dräi Schecken an Hicht van all Kéier 3.000 Euro ze iwwerreechen. D'Sue stamme viraan allem aus dem Erléis van hirem traditionellen Adventsbazar, mee o van deene sëllichen aneren Aktivitéiten, déi si datt ganzt Jor iwwer organiséieren.
Déi Responsabel van Omega 90 an van der Wonschkutsch Asbl woren extra op Héinescht kommen, fir hire Scheck perséinlich entgéintzehualen a si hann dobäi o van der Geleeënheet profitéiert, fir hir benevol Aktivitéite virzestellen.
Deen drëtte Scheck van 3.000 Euro fir d'Luxembourg Air Rescue wäerten d'Frauen a Mamme selwer om Findel iwwerreechen, wu si di wäertvoll Aarbicht van dëser Institutioun dann op der Platz erkläert kreien.
Niäwent dëse generéise Don'en, haten d'Frauen ewer o aan hir Frënn va Foi et Lumière gedaacht, déi dëst Jor hire 40. Anniversaire gefeiert hann an hinne mat engem Scheck va 500 Euro eng kleng Freed gemat. Doriwwer eraus hann d'Frauen a Mammen dann o na der Héineschter Porkirrich nei Nappe fir den Altor gespend an den Här Paschtouer hatt hinnen dofir o ee gruusse Merci gesot.
D'Frauen a Mamme van Héinescht, Fëschbich a Kaalber soen heimat alle Lékt villmools Merci, déi all Jor hire Bazar beséichen an o bäi aneren Aktivitéiten ëmmer präsent sënn.