Ergreifend Kannerkrëppespill an der Uespelter Kierch

Op Hellegerowend gouf an der Uespelter Kierch dat traditionellt Kannerkrëppespill an d'Chrëschtmette vun der Par Beetebuerg-Fréiseng Saint André flott agebonnen.

D'Uespelter Kierch war strubbelvoll vun Famillen déi sech gären an eng festlech Chrëschtdagsstëmmung an an eng gefillsvoll Atmosphär bréngen wollten, woubäi d'Kannerkrëppespill an d'Metten sech heifir fërmlech ugebueden hunn. Leider erliewe ganz vill Leit haut d'Chrëschtmetten als een vu wéinege Gottesdéngschter am Joer an enger reliéiser Gemeinschaft. Bei dëser Geleeënheet goufen si duerch dat vun den Kanner aus der lokaler Katechees virgedroent liturgescht Chrëschtspill emotional un Chrëschtdag an hirer Kandheet erënnert an op dat kommend Fest agestëmt.

"Haut ass den Retter gebuer, den Erléiser, den Messias" seet e klengt Meedchen an enger Engelstenue onsécher an den Mikro an gëtt en dann un seng Nopesch weider. Fier vill reliéis Famillen ass d'Kannerkrëppespill den Héichpunkt vun den Chrëschtdeeg.

Schonns Wochen am Viraus huet d'Pastoralequipe aus der Par Beetebuerg-Fréiseng den Kanner mat ganz vill Engagement d'Chrëschtdagsgeschicht pedagogesch vermëttelt an si op d'Krëppespill minutiéis virbereet.

Duerch déi gefillsvoll Einlage vun engem Gittaren- an Sängerensembel goufen d'Leit an déi flott Feier mat agebonnen an goufen esou vum einfachen Noolauschterer zum aktiven Matfeiernden.

Déi schwongvoll Interpretatioun vun melodiéisen Chrëschtlidder vun enger Strëpp vun der Uespelter Musek huet dozou bäigedroen, dass alleguerten d'Leit déi un dëser Feier deelgeholl hunn an enger frouer an emotionaler Chrëschtdagsstëmmung fir déi kommend Feierdeeg agestëmt goufen an zefridden den Heemwee ugetrueden hunn.