Generalversammlung vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng

Den 23. Mäerz 2017 hat d’CSV Sektioun Gemeng Fréiseng op hir uerdentlech Generalversammlung an de Centre Culturel op Helleng invitéiert.

Nieft de Rapporte vu Sekretariat an Tresorerie koum et och zu Neiwale vum Comité. Déi aktuell Equipe gouf confirméiert a gëtt an Zukunft nach duerch d’Cathy Campos vun Uespelt an de Marc Jacoby vu Fréiseng verstäerkt.

4 Membere vun eiser Sektioun goufe fir hir 30-järeg Memberschaft an der CSV geéiert a kruten e klénge Cadeau vun der Sektioun.

De President Fränk Rippinger huet duerno nach de Bilan vun den Aarbechten, déi an deene leschte 6 Joer vun eiser CSV-Equipe mat de Kollege vun der LSAP realiséiert goufen, presentéiert. Als Conclusioun konnt een feststellen dass de Wiesel an der Gemeng sech bezuelz gemaach huet an dass dëss Équipe zesummen mat den Kandidaten fir Gemengewalen 2017 fir d'Continuiteit steht am Sënn fir a mam Bierger aus der Gemeng Fréiseng.

Am Uschloss huet de Fraktiounspresident vun der CSV a Spëtzekandidat fir déi nächst Nationalwalen, Claude Wiseler, säi Plang fir Lëtzebuerg an d’Zukunft vum Süde virgestallt an ass op d’Froe vun de Leit agaangen.

More news by CSV-Sektioun Fréiseng >