MASS OP " CHRISTI HIMMELFAART " AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS 2025


MASS OP " CHRISTI HIMMELFAART " AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS


Virun enger Rei Joren gouf op d’Initiative vun der KMA Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler , d´Kapell an der Fautelfiels néi amenagéiert.

Och dëst Joer ass nees op Christi Himmelfaart eng Mass vum Kaploun Jakob Zeilinger assistéiert vum Diakon Leonardo Pulia an der Kapell vun der Fautelfiels gehal ginn. Vill Leit haten de Wee dohin  fonnt. 

No der Mass huet d´Amicale Pompjeeën Luerenzweiler um Fouss vun der Fautelfiels fir Iessen a Gedrénks gesuergt . D´Amicale vun de Luerenzweiler Guiden a Scouten hunn d´Navette vun der Luerenzweiler Gare esou wéi vum Parking Blasschenterstrooss op d´Fautelfiels gemaach.