Timmy den Tuerm bei Net-TV

Net-Tv huet ee Film iwwer den Timmy, den Tuerm gedréint. Net-Tv ass ee lokalen Internet Fernsehsender, deen op bénévoler Basis vum Roger Medernach produzéiert gëtt. Net-Tv befaasst sech haaptsächlech mat Sportsneiegkeeten, a mat Neiegkeeten aus der aler Gemeng Eech, zu där och Beggen gehéiert.

Et waren och déi Beggener Guiden a Scouten, déi zesummen mat hire Kollegen vun Walfer virun engem Joer den Timmy den Tuerm um Helmsener Sonnebierg gebaut hunn. Den Reportage kennt Dir ab dem 29. Dezember 2010 iwwer www.net-tv.lu opruffen. Weider Informatiounen zum Timmy den Tuerm fannt Dir an deenen ënnen verknäppte Reportage vu Mywort.

http://www.net-tv.lu