Konveniat vun derJeunesse Helzen-Houfelt-Weiler

An der Zesummenarbicht mam Organisatiounscomité vun der Jeunesse H-H-W war Ufangs Juli zu Helzen am Veräinssall den 45+2 Joer Gebuertsdag vun der Jeunesse Helzen-Houfelt-Weiler gefeiert ginn. D'Grënnungsjoer vun der Jeunesse war 1976.

Getraff gouf sech zu Helzen beim Sall. Eng Gedenkfeier war um Kierfent zu Éieren vun de verstuerwenen Memberen ofgehaal ginn. Dëss Gedenkfeier gouf vum Paschtouer Henri Hamus zelebréiert. Ënnerstëtzt gouf dat ganzt mat musikalischem Gesang vum Laura Schmit an dem Charel Diederich.

Den Éierewäin mat uschléissendem Iessen ass am Veräinssall zervéiert ginn, wou sech gefreet gouf fir duerno nach ee puer gemittlech Stonnen mateneen ze verbrengen.