NONNEFASCHTSBAL - Thé Dansant fir Jonk an Al!

15
Feb
15 Feb

Nom groussen Erfolleg aus de leschte Joeren geet eisen Nonnefaschtsbal an déi drëtte Ronn!
Wien erënnert sech net un déi lecker Nonnefäscht déi d'Bom fréier gebak huet?
An fir deem Rechnung ze droen invitéiere mir Iech op en Thé Dansant fir Jonk an Al, Fuessonndeg de 15. Februar ab 14 Auer am Centre Joseph Altmann!

Fir gutt Stëmmung suergt d'Sandy Botsch!
Dëst Joer hunn mir och en holzenen Buedem, fir dass dir kënnt uerdentlech Danzen!


Fir Kaffi, Kuch an natierlech och Nonnefäscht wäert gesuergt sinn!
Genuch Sëtzméiglechkeeten wäerten och zur Verfügung stoen!


D'Entrée ass Gratis!