AG vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP
to see more pictures.
Am Centre Joseph Altmann zu Hesper huet d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP seng uerdentlech Generalversammlung ofgehalen, dëst a Präsenz vun der Sportministesch Martine Hansen an der Hesper Buergermeeschtesch Diane Adehm.
Nodeems de Kalenner fir 2027 fixéiert war huet den FLMP-President dat grousst Event vun 2027, déi 20. IVV-Olympiade zu Lëtzebuerg presentéiert. Dobäi huet hien op d’Wichtegkeet vun enger Zesummenaarbecht mat de Veräiner higewisen an en Opruff gemaach fir Benevolle fir dës Organisatioun ze rekrutéieren.
No de verschiddene Rapporten huet d’Sportministesch déi aussergewéinlech gutt organiséiert Federatioun gelueft. Jidderee kann dëse Sport maachen a besonnesch och fir d’Motivatioun vun de Kanner ass mam FLuMPi beschtens gesuergt.
Nodeems 3 zousätzlech nei Leit am Verwaltungsrot vun der FLMP definitiv nominéiert goufen, de neie Veräin Wanderfrënn Déifferdeng op geholl ginn ass, d’Generalversammlung vun 2027 zu Wolz organiséiert gëtt an de Nationale Wandersportdag 2027 zu Izeg ofgehale gëtt koum et zu verschiddenen Éierungen.
Geéiert goufen de Veräin mat de meeschte Participanten op Lëtzebuerger IVV-Wanderungen (Footing Club Izeg), de Veräin mat der bescht-besichten traditioneller IVV-Wanderung (Lënster Trëppler), de Veräin mat der bescht-besichte Geféierter Wanderung (Ourdall Nëssknacker Veianen), de Veräin mat dem bescht-besichte Permanente Wanderwee (Wanderfrënn Bettenduerf) an d’Veräin mat dem bescht-besichten Trail-Cup (Lënster Trëppler). 8 Veräiner waren op allen traditionellen IVV-Wanderunge vertrueden.
Ofschléissend huet d’Gemeng Hesper den Éierewäin offréiert.