Ambiance Jardins Hesper a Farmers Market

Dëse Weekend vum 13-15 Mee ass zu Hesper am Park neess déi traditionell Ambiance Jardins.


Iwer 80 Aussteller aus 7 Länner, präsentéieren hei alles wat bei d'Thema Gaart passt. Planzen, Beem, Geméisplanzen, Dekoratioun fir de Gaart, Griller, Gaardemiwwelen a Gaardegeschier. Op eisem Deel vum Farmers Market fannt Dir Spezialitéiten aus der Groussregioun, vu Likören, iwer Gin, lokalen Hunneg, Kéis, Trüffel a lëtzebuerger Wäiner fannt Dir alles fir Iech gastronomesch verwinnen ze loossen. Fir Animatioun gëtt mat Facepainting, Loftballonmodelage a mat eisem Zieharmonikaspiller gesuergt. Doniewt gëtt et Tartes Flambéeen, Eisekuchen a Gegrills.


Freideg, den 13. Juni vun 14.00 - 19.00 Auer

Samschdeg, den 14. Juni vun 10.00 - 19.00 Auer

Sonndeg, den 14. Juni vun 10.00 - 18.00 Auer

Weider Informatiounen fannt Dir op www.ambiance-jardins.com