Anti-Littering Hesper Heesprénger

Am Mäerz 2021 huet d’Maison relais Heesprénger vun Hesper gemeinsam mat de Kanner am Kader vun dem grousse Projet zur Nohaltegkeet, dee schonn zënter e puer Joer leeft, en Anti-Littering Projet ugefaang.

Säitdem si mir mat de Kanner an der direkter Géigend vun der Maison Relais, 9 Mol Dreck oprafe gaangen. Et hu bis ewell 47 Kanner um Projet deel geholl. Am Ganzen huet de Projet 10 Stonnen a 25 Minutte gedauert.

Am Laf vun deenen 9 Kéiere konnte folgend Saache gesammelt an anstänneg entsuergt ginn:

Plastiksfläschen: 150

Fläschestëpp: 107

Glasfläschen: 77

Béchsen: 61

Tetrapak: 23

Masken: 49

Plastik: 538

Zigarettepäck: 30

Zigarettestëmp: 1070


Nieft all dëse Saachen hunn d’Kanner och nach vill verbrauchte Fiichtdicher fonnt, Pabeier oder Stécker Kartong. Et goufen och méi ongewéinlech Saache wei z.B. e Messer, e Brëll oder och nach eng Felg vun engem Auto fonnt.

De Kanner ass während dem Projet opgefall wéi schiedlech Plastik fir eis Ëmwelt ass, well een dësen iwwerall an der Natur erëm fënnt an en eng ganz laang Zäit brauch, bis datt e sech géing zersetzen. Och hu si bei dem Projet gemierkt datt et ganz vill Aarbecht ass, de Knascht, deen aner Leit ouni opzepassen einfach an d‘Natur geheien, amplaz an d‘Poubelle, anstänneg ze entsuergen. D‘Kanner woren all Kéiers mat Motivatioun derbäi a si woren herno immens houfreg eppes fir d‘Ëmwelt an där si liewe geleescht ze hunn. An der Hoffnung datt si dës gutt Geste bäibehale wäerten an datt an Zukunft manner Dreck muss opgeraf ginn, wëllen d’Heesprénger vun Hesper op alle Fall weider un dësem Projet schaffen.