Campagne LEO

D ‘Iessgewunnechte ginn haut bei de Kanner duerch divers Faktoren influenzéiert, an et ass dofir ëmsou méi wichteg hinnen, e gesonden a respektvollen Ëmgang mat Liewensmëttel ze vermëttelen ouni d‘ Freed an de Spaass derbäi ze vergiessen.

Zesumme mat eise Partner huet de „Service Enfants et Jeunes vun der Gemeng Hesper“ entschloss dësen Challenge unzehuelen an dat mat folgendem Plang:

1. E staarken Alliéierten: De Leo, dee neien Ambassadeur fir eng gesond an équilibréiert Ernierung. Zesumme mat dem Leo, dem Maskottchen, wäerten d'Kanner d' Liewensmëttel an di divers Méiglechkeeten vun der Zoubereedung kenne léieren.

2. E laangjärege Partner un eiser Säit, dee mat sengem geschoulte Kichepersonal an Ernierungsberoder spezialiséiert ass op d’kollektiv Restauratioun vu Kanner a mat deem mir zesumme Prioritéit op lokal, saisonal, regional a bio Produkter setzen.

3. E flotte Programm un spillereschen a pedagogeschen Animatiounen

Mat dem Startschoss dës Woch vum Projet bei de Kanner, engem Animatiounsfilm wou de Leo sech zesumme mat de Kanner op eng Entdeckungsrees fir eng méi gesond, responsabel a nohalteg Ernierung mécht.

Haut Mëttwoch de 6. Abrëll 2022 war déi éischt Animatioun zesummen mam Leo a Fairtrade Lëtzebuerg an der MR Heesprénger. Bei der Geleeënheet ass och d’“Fairtrade-Flam” op Hesper komm.

--------------------------------------------

Les habitudes alimentaires des enfants sont guidées par divers facteurs, et il est donc d'autant plus important pour eux de leur transmettre des pratiques respectueuses dans le domaine de l’éducation alimentaire sans oublier la joie et le plaisir que cela implique.

Avec nos partenaires, le « Service Enfants et Jeunes de la commune d'Hesperange » a décidé de relever ce défi à l’aide du plan suivant :

1. Un allié de poids : Leo, le nouvel ambassadeur d'une alimentation saine et équilibrée. Avec la mascotte Léo, les enfants découvriront la nourriture et les différents modes de préparation.

2. Un partenaire de longue date à nos côtés, qui, avec son personnel de cuisine formé et son conseiller en nutrition, est spécialisé dans le domaine de la restauration collective pour enfants et avec qui nous misons en priorité sur les produits locaux, de saison, régionaux et bio.

3. Un programme attrayant avec animations ludiques et pédagogiques

Tout a débuté avec un film d'animation dans lequel Léo part avec les enfants à la découverte d'une alimentation plus saine, plus responsable et durable.

Le 6 avril 2022, la première animation a eu lieu avec Leo et Fairtrade Luxembourg à la MR Heesprénger. A cette occasion, la "Fairtrade-Flam" est également venue à Hesperange.