D'Hesper CSJ huet e neie Comitée

Well de Sven Fournelle no der Generalversammlung am Mäerz aus Altersgrënn huet missen als President vun der Hesper CSJ ophalen, huet CSJ-Hesper e neie Comitée zesummegestallt.

D'Exekutiv vum neie Comitée setzt sech zesummen aus:
dem President Pol Pierret
de Vize-Presidenten Guy Wester an Henry De Ron
dem Sekretär Marc Godart
an dem Keessier Sascha Bernard

Dee neie Comitée huet sech zum Ziel gesat zesummen iwwert Ideeën a Problemer vun deene jonken aus der Gemeng ze schwätzen, an zesumme no Léisunge ze sichen.

Weider Informatiounen fannt dir op hesperange.csv.lu