Gala Concert vun der Harmonie Habscht am Joer vun hirem Centenaire

Am vollbesate Centre Polyvalent konnt d’Harmonie Habscht ënnert der dynamescher Direktioun vum Ben Spartz hire Publikum mat hirem Gala Concert mam Titel Revue 19-19, dee si bei Geleeënheet vun hirem honnertjäregen Anniversaire presentéiert huet, begeeschteren. Gläich zu Ufank hunn déi jonk Musikanten aus dem Jugendensembel Mezzo Forte Bléiser d’Publikum 100 Joer zréckversat mat engem flotte Sketch iwwer d’Grënnung vun der Musek am Joer 1919. Groussen Uklang beim Publikum hunn dono déi vill bekannte Stécker fonnt aus der Harmonie hirem Repertoire wéi “Vum Minett an d’Éislek“, “An der schönen, blauen Donau“, “Amboss Polka“, “Leichte Kavallerie“, “Hootenanny“, “My Way“, “Carneval de Paris“ a “Music“.

Den Highlight vum Gebuertsdagsconcert war de Marsch “Duerch Bësch an Dall“, komponéiert fir dës Feier vum lëtzebuerger Komponist Yvan Boumans. Flott duerch de Programm gefouert huet d’Nicole Wagner mat villen interessanten Anekdoten aus 100 Joer Harmonie Habscht, ënnermoolt op der grousser Leinwand mat stëmmungsvolle Fotoen aus aler Zäit.