Generalversammlung vun den ÄISCHDALL-FLITZER Eischen

Virun kurzem haten d ÄISCHDALL-FLITZER hier jährlech ordentlech Generalversammlung am Centre culturel Jean WOLFF zu Eischen


Am gudd gefellten Sall konnt de President GODEFROY Jean-Marie Vertrieder vun der Gemeng HABSCHT, den Här BARBIER Marcel vun der FLMP, Memberen vum Verein souwei Duerfleit begreissen.

No der Begreissung gouf eng Gedenkminutt ageluecht fir un verstuerwen Memberen ze gedenken. Ganz Betraff an emotional bereiert waren vill Memberen wei se vum Dout vum Här GOERGEN Rene am Alter vun 94 Joer gewuer gin sin.

Als freieren Comitesmember war hien en aktiven an engageierten Member vum Club an huet bis d lescht Joer emmer mat ugepakt wann eng Aktiviteit war.


Beim Bericht vum Sekretär BRICKLER Frank war gewuer ze gin dass den Club 63 lizenseiert aktiv Memberen huet.Bei der Wanderung Ouschtermeinden den 22 Abrell 2019 waren 1370 Leit um Depart an den 17. August op der Nometteswanderung waren et der 357 dei duerch dei herrlech Natur ronderem Eischen gewandert sin


Den 28 September war en Iessen fir dei aktiv Memberen vum Club an der Hostellerie de la Gäichel zu Eischen organiseiert gin wourun 31 Persounen deelgeholl hun.

En grouss Eier war et dem Club fier 2019 D` Journee des Recompenses de la FLMP

( Federation luxembourgeoise de la marche populaire ) ze organiseieren.

An verschiddenen Kategorien gin verdengschtvoll Bierger ausgezeechent fir hieren Asaz z.B. Am Comite vun engem Verein, so fir d ÄISCHDALL-FLITZTER 5 Joer am Comite den Här PLETSCHETTE Marcel an Mme ROBEN Beatrice, 15 Joer Comite fir d Hären FEIEREISEN Romain an GODEFROY Jean-Marie an 25 Joer Comite fir D Hären BRICKLER Frank an POST Johny.

Den 7. Dezember war den Club op eng Marche illuminee op Metz gefuer. Bei der Wanderung vun 13 km duerch Metz an iwwert dei schein Chreschtmäärt hun 26 Persounen matgemeet.

Plaaz 20 vun 49 Vereiner dei an der FLMP agedroen sin wat Zuel vun Wanderer ugeet, 2019 waen et der 647, as nach verbesserungswürdeg.


En scheinen Kado vum Club war fir Mme VAN VLIERBERGEN Francoise fir hier 75 Joer an den Här BASSELIER Gustave fir seng 80 Joer.


Fir 2020 steet um Programm: D`Wanderung Ouschtermeinden den 13. Abrell an Nometteswanderung den 29. August.

Als Merci un all aktiven Member fir dei vill Arbecht am Club ass eng Rees vun 3 Deeg op Blankenberge organiseiert gin. Vum 1. bis 3. Mee sin 52 Persounen op der belscher Plage an bedeelegen sech och aktiv un der Wanderung " Tweedaagse Blankenberge"

fir 15,24 oder 42 km treppelen ze goen.


An sengem Rapport iwwert d Finanzen am Club, sot den Caissier POST Johny, dass et dem Club finanziell gudd geht. Neit Arbechtsmaterial as ugeschaaft gin an Zukunft vum Club steet op zolliten Feiss.

Dei 2 Kontroller vun der Keess GOELFF Guido an BRAUN Johny hun dem Caissier seng Arbecht nogekuckt,alles nogerechent an fir gudd fond. Dobei as dem Caissier eng propper an serieux Art an Weis fir ze schaffen bestätegt gin


Als Vertrieder vun der Gemeng HABSCHT sot den 1. Schäffen MOES Carlo dem Club Merci fir hiert Engagement an der Gemeng. Dass ÄISCHDALL-FLITZER schon seit mei wei 40 Joer bestinn an emmer erem d Faarwen vun der Gemeng am ganzen Land ze vertrieden wier hinnen heich un ze rechnen. D Paticipatioun un den Cortegen fir Nationalfeierdaag an den nationalen Gedenkdaag weist op en respektvollen Emgang mat der Vergangenheet hin. D Gemeng as och an Zukunft do fier iech wann der sie braucht, sou Schlusswieder vum Här MOES.


Den Här BARBIER vun der FLMP huet d Wieder vum Gemengenconseiller iwweroll andeems hien dem Club Merci gesot huet fir dei 40 Joer Memberschaft an der FLMP.

Och fir d Organisatioun vun der Journee des Recompenses en grousse Merci an och

fir den Respekt vun der Natur andeems der op Plastiksbecheren vezicht.


Zum Schluss vun der Versammlung war eng fräi Aussprooch, den Presidentsot den Memberen nach eng Keier Merci fir dei vill gewandert km hei am Land an an der Groussregioun an huet duerno op en Iessen am Cafe des Sports inviteiert.


BRAUN Johny