Generalversammlung mat engem gutt gefëllte Programm
Am Ufank vun der Generalversammlung huet de President, Marc Wenner, d’Memberen, d’Éierememberen, Éierepresident vun der Lidderuucht souwéi d’Vertrieder vun der UGDA, Vallée des Sept Châteaux Miersch an der Hollerecher Musek begréisst a verschidde Mercien ausgeschwat. No enger Gedenkminutt war et um Rapport vun der Sekretärin, Hornick Geneviève, wou ze héiere war dass et 39 Prouwen an 23 Optrëtter goufen, also e gutt gefëllte Programm. Erfreelech ass awer och dass nei Sängerinnen a Sänger, recrutéiert konnte ginn. Fir 2026 si schonn e puer Concerten uechter Land, an och eng Visite vum Europaparlament zu Stroossbuerg. Haaptaktivitéit fir dëst Joer ass d’Optrieden op der Europeade vun de Folkloreveräiner aus Europa zu Bergamo vum 22. bis de 26. Juli, mat der Vallée des Sept Châteaux Miersch. D’Finanzen si gesond, an de Keesebericht vum Marcel Blum gouf vun de Keeserevisoren approuvéiert. All d’Rapporte goufe vun der Versammlung ugeholl. D’Keeserevisoren; Alice Steichen, Mariette Merges an Nicole Risch, sinn nach e weidert Joer dobäi. Et war dunn d’Wuert um Chef, Claude Hornick, dee kuerz op d’lescht d’Joer zréck gekuckt huet an allen aktive Merci sot fir hiren Asaz. Och e Merci un d’Brëttelspianisten: Marguy Harsch; Mike Marnach, Claude Reckinger an op der Gei Frederike Mathuis. Fir d’Zukunft wënscht hien sech méi Optrëtter mat Programmen: Lidderuucht, Staminet, Bëschfest, Dicks oder Land a Leit, hei soll jiddereen e bësse Reklamm maachen. Eng Erausfuerderung ass d’Europeade zu Bergamo, wou och d’Vallée des Sept Châteaux mat Bedeelecht ass. Merci och un de Webmaster, Gilbert Hoscheid, fir d’Beaarbechtung vun onsem Internetsite “LIDDERUUCHT.LU”. wou all Infoen drop vermierkt sinn, och déi vun onsen Optrëtter. Et war dunn um Vertrieder vun der UGDA, Paul Michels, dee verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger ausgezeechent huet: Insigne, Paula Vidal. Medaille de mérite en bronze, Frédéric Tinant. Croix de mérite en vermeil, Mike Risch, Marcel Blum. Medaille de mérite en vermeil avec palmette, Maria Lentz-Beckius. Uschléissend huet hien am Numm vun der UGDA deene geéierte Merci gesot an och der Lidderuucht fir déi gutt Zesummenaarbecht bei Manifestatiounen. An Zukunft versicht hien eng nei Entente zwëschent de d’Folklore Veräiner op ze bauen. Mat e puer prezis Infoen zur Europeade an enger klenger Diskussioun gouf d’Versammlung mat enger Agape ofgeschloss.
All weider Detailer op www.lidderuucht.lu