Benevollen vum Club Haus op der Heed spenden fir Multiple Sclérose Lëtzebuerg

3000 Euro fir d’Associatioun Multiple Sclérose Lëtzebuerg!

Iwwert d’lescht Joer an d’Wanterméint vun dësem Joer huet Stréck- an Heekelgrupp vum Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen a strécken Damme säit Joren originell Déierefiguren, déi dann u Frënn a Bekannter awer och op Mäert, am Club Haus op der Heed, an engem Supermarché an och an engem Coiffeurssalon an der Regioun verkaaft ginn.

Am Ganze koumen 3000 Euro Spend beieneen.

Dëst Joer gouf den Aléis un d’Associatioun Multiple Sclérose Lëtzebuerg gespent. Si setzen sech fir Mënschen an hir Familljen an, déi vu Multiple Sklerose betraff sinn

No interessanten Erklärungen zur Missioun an den Aktivitéite vun der Associatioun an engem flotten Austausch, gouf de Scheck, a Presenz vun de Benevollen an hirer Leederin Christiane Meyer souwéi der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut, un Madame Anne Leurs, Directrice vun MSL Multiple Sclérose Lëtzebuerg iwwerreecht.