Och dëst Joer organiséiere mir nees eise Kaumahan Festival, deen um Weekend vum 16. an 17. August zu Hitten stattfanne wäert.
Kaumahan ass Cebuano an heescht “Feld”. Bei eisem Music and Food Festival geet et eis drëm, de Gemeinschaftssënn ze feieren an eng flott Ambiance ze schafen, an där ee sech austausche kann. Mir wëllen iech gudden Entertainment bidden a gläichzäiteg op Nohaltegkeet setzen.
Genéisst eis selwergemeete philippinnesch Spezialitéiten an erfreet iech un eise wonnerbare Museksgäscht. Ma verbréngt virun allem eng flott Zäit mat äre Frënn an ärer Famill. Schliisslech geet et beim Kaumahan ëm Gemeinschaft!
D’Entrée ass gratis. De Gewënn kënnt integral eise Projeten zegutt.
Weider Informatioune fannt dir op eisem Site www.kaumahan.lu an op eise Social-Media-Kanäl.