De Mandolineveräi an d'Lidderfrënn ënnerstëtzen d'S.O.S.-Kannerduerf

De Mandolineveräin "La Lyre vu Guedber an d'Chorale "Lidderfrënn" vu Monnerech hate sech zesumme gedoen, fir zwéi Benefiz-Concerten viru Chrëschtdag ze spillen respektiv ze sangen. Den 8. Dezember si si zu Biergem opgetrueden an den 23. Dezember an der Kierch zu Guedber. Haut de Muerge war eng Delegatioun vun dienen zwéi Veräiner mat der Presidentin Isabelle Merlevede (La Lyre) a mat hirem President Jeannot Clement (Lidderfrënn) op Miersch an d' SOS-Kannerduerf, wo si dem Direkter Régis Thill den Erléis vun de Concerten a Form vun engem Scheck vun 2.600 Euro iwwerécht hunn. D'Isabelle Merlevede huet sech an hirer Usprooch e.a. mat dëse Wierder un den Direkter an un d'aktiv Membre geriicht: "Merci un Iech, datt mir als zwéi kulturell Veräiner eis konnten asetzen fir der Fondatioun SOS-Kannerduerf Miersch e bëssen ze hëllefen an dass mir mat oppenen Äerem hei am Haus empfaange gi sinn. Merci och all eisen aktive Musikantinnen a Musikanten an all eise Sängerinnen a Sänger fir hire groussen Asaz an déi zwéi schéi Concerten, déi si zesumme gspillt a gesongen hunn. Eis Dankbarkeet ass ëmsou méi grouss, well mir äre groussen Asaz, är Motivatioun an är virbildlech Aarbecht am Intérêt vun äre Kanner ze schätze wëssen a mir d'Gleeënheet kruten, fir iech op dës Aart a Weis z'ënnerstëtzen." De Régis Thill huet deenen zwéi Veräiner en décke Merci ausgeschwat fir dee schéine Geste vu Generositéit. Duerno huet hien den Delegatiounen d'Kannerduerf gewisen an all ware si begeeschtert vun deer gudder Aarbecht, déi do geleescht gëtt. (dd)