Déi Lënster Fraen a Mammen ënnerstëtzen « De Leederwon »

Viru kuerzem waren déi Lënster Fraen a Mammen en Ausfluch bei d’Panelux op Rued maachen. No engem gudden Iessen am « Kulturhaff Millermoler » si si gemittlech op d’Giischterklaus spadséiert. Weider goung et dunn am Bus op Betzder bei de « Leederwon », wou si e Chèque vun 2.000 Euro un déi Responsabel vun deem flotte Projet iwwerreecht hunn. D’Sue vun deem Don stammen aus dem Erléis vum traditionelle Bazar vu Pällemsonndeg.