Lënster: D'Meditatiounsskulptur vun der AVR ass ageweit ginn.

An enger besënnlecher Feierstonn ass déi nei Meditatiounsskulptur "op Wäimerecht" vun der AVR ageweit ginn. Si steet um déifste Punkt vun engem Areal vun engem Hektar, deen no Pläng vum Architekt Jim Clemes amenagéiert gouf. D'Skulptur besteet aus 9 Steelen, déi vum Künstler Nico Thurm entworf gi sinn, an déi zu Miedernach bei der Entreprise Béton Feidt gegoss gi sinn. Je no der Dageszäit beaflossen dës Steelen Liicht a Schied. Si sollen de Mënschen, déi duerch en Accident am Verkéier haart getraff gi sinn, Halt ginn, loossen awer de Bléck no uewe fräi. Dës Plaz soll derzou bäidroen, datt déi Leit. déi dohinner kommen, Rou no bannen an no bausse fannen. Zu dëser Feier hate sech vill Leit afonnt, ënner anerem den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, d'Ministere Françoise Hetto-Gaasch a Claude Wiseler, d'Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn mam Schäffen- a Gemengerot, de Paschtouer Francis Erasmy, eng Rei vun Europa an Nationaldeputéierten, Vertrieder vu Ministèren a Verwaltungen, Architekten, Membre vum AVR, Familljemembre vun de Verkéiersaffer, Frënn a Sympatisanten. De Vizepresident vun der "Fédération Européenne des Victimes de la Route", Manuel Ramos, de President vun der "Association nationale des Victimes de la Route (AVR), Jeannot Mersch, d'Buergermeeschtech Francine Colling-Kahn, de Minister Claude Wiseler an den Äerzbëschof Jean-ClaudeHollerich hunn an hiren Usprocchen op de Sënn an den Zweck vun dêsem Monoment hinzeweisen. Si hunn hervirgehuewen, datt hei déi Leit, déi duerch e Verkéiersaccident haart vum Schicksal getraff gi sinn, sech kënne sammelen a fir e puer Stonne Rou fannen.Och ass hervirgehuewe ginn, datt déi Steelen awer och sollen un d'Gefaren opmierksam maachen, an esou vläicht dat eent eent oder dat anert Accident verhënneren. Den Äerzbëschof huet fir all Verkéiersaffer gebiet, vun alle Religiounen, an duerno huet hi Gottes Segen erofgeruff fir déi, déi all Dag de Gefaren am Verkéier ausgesat sinn. All ware se begeeschtert vun der schéiner Plaz an der Lënster Gemeng, wou jo och nach en Denkmal fir Verkéiersaffer entstoe soll. (dd)