Lënster: Grousse Succès fir den italienëschen Owend vum D.T. Gonnereng

Erëm eng Kéier hat den D.T. Gonnereng säin traditionellen italienëschen Owend am "Centre polyvalent Gaston Stein" zu Lënster organiséiert. Wéi kënnt et anëscht sinn: et stoungen eng ganz Rei vun italienësche Spezialitéiten op der Menüskaart, wéi Spaghetti mat enger super Sauce, Wäin vu verschiddenen Zorten an natierlech och Desserten, wou den Tiramisu natierlech déi éischt Plaz beluegt huet. Vill Leit ware komm, fir sech vu Membre vum Veräin, Eltere vu Spiller a Frënn vum Club zervéieren a verwinnen ze loossen. Eng sëlleche Leit haten och nach déi Chance, fir e schéine Präis an der Tombola ze gewannen. Also eng Réussite vu vir bis hannen. Léif Membre vum D.T. Gonnereng, et war schéin a gutt; also da bis d'nächst Jar um italienëschen Owend 2013. (dd