Wonnerschéine Benefizconcert an der Guedber Kierch (Billergalerie)

En immense Succès hat de Concert, deen e Sonndeg vum Guedber Mandolineveräin « La Lyre » a vun der «Chorale « Lidderfrënn » vu Monnerech offréiert ginn ass.

Déi Guedber Kierch war strubbelvoll Leit, wéi d’Presidentin Isabelle Merlevede (La Lyre) an de President Jeannot Clement (Lidderfrënn) déi vill Frënn vu Musek a Gesank begréisst hunn, ënnert hinnen de Paschtouer Francis Erasmy an d’Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn.

Ënnert der Leedung vum Nadine Kleman (Lidderfrënn) a vum Mil Garofalo (La Lyre) hunn d’Membre vun deenen zwéi Veräiner flott, gefälleg Wierker virgedroen, déi déi vill Nolauschterer begeeschtert hunn. Um Piano gouf d'Chorale begleet vum Mylène Thiel.
No dem Concert war eng Quête fir d’S.O.S. Kannerduerf vu Miersch, déi méi wéi 1.600 € erabruecht huet. Den Generaldirekter vum Kannerduerf, de Régis Thill, huet deenen zwéi Veräiner en décke Merci ausgesprach an hien huet d’Aktivitéite vum « S.O.S. Kannerduerf » kuerz virgestallt.

Déi puer Beispiller, déi hie virbruecht huet, hunn d’Leit all dervun iwwerzeegt, datt et wichteg ass, dës Organisatioun, déi am Déngscht vum Kand steet, z’ënnerstëtzen
No deem wonnerbare Concert huet dunn de Mandolineveräin nach op eng Receptioun an de Veräinsbau agelueden. (dd)