,, A weider mam Jabel ,,

Ausgruewungen a Rekonstruktioun vum Bakuewen um Përmeshaff

Säit dem Summer 2018 hu mer matt villen Studenten an Fräiwëllegen an de Wochen vun der grousser Vakanz vill geschafft an erfolligräich Ausgruewungen gemeet. Just 2020 huet Corona eis ausgebremst.

No dem erfolligräichen Joer 2021, wou mer an der Ruin vum Përmeshaff e Stall, d‘Kichen an zwou Stuffen zum groussen Deel fräigeluecht hunn an sou guer an de Keller een klengen Bléck konten werfen, war d‘Protektioun vun de Maueren eng absolut Noutwendigkeet. An de Méint Abrëll am Mee ass eng stabil Zeltkonstruktioun vun der Firma Archéo Construction, am Optrag vum Kulturministère an op Wonsch vum Institut National pour les Recherches Archéologiques opgeriicht ginn. Dës Konstruktioun bitt eisen ausgegruewenen Ruinen lo en optimalen Schutz bei all Wieder.

Dëse Summer, hu mer e Méindig den 18ten Juli ungefang a wäerten bis den 12. August matt den Studenten vun der Administration de la Nature et des Forêts an den villen Fräiwëlligen, ënner der Direktioun vun den Dammen Christiane Bis-Worch vum INRA, Elisabeth Koltz vum INPA an Nicole Lenert vun der ANF schaffen. D‘Archäologisch Leedung um Terrain, wi all die Joeren, huet den Här André Kirsch. Hinnen Alleguer een groussen Merci.

...et bleift spannend – An de Ruinen ginn zwee weider Ställ ausgegruewen an och am Wunnhaus wäert nach weider geschafft ginn.

Den absolutten Highlight ass, awer dëst Joer, dass mer den aale Bakuewen wäerten matt dem originalen Material rekonstruéieren. An et gesäit gutt aus... Mer hoffen, datt mer um Enn vun dësem Mount Uerbicht können sangen: - "Backe backe Kuchen…" - an eng Përmespizza oder Brout aus eisem aale-neien Bakuewen können genéissen. Daat wär super, mer hu vollt Vertrauen an eis Spezialisten an am Pirminus seng schützend Hand

Sou kommen mer och an dësem Joer eisem Ziel, den uralen Përmeshaff of ze sécheren an esou fir d‘Zukunft ze erhaalen, erëm e Steckelchen mi no.

D‘Amis de Saint Pimin Kaundorf maachen och an dësem Joer en Apell un all interesséiert Lekt, Jonker an nach ëmmer Jonker äis bei dësem interessanten Projet ze hëllefen.

Infoen gin et iwer : Telefonnummer 839405 , 691190149 oder 899640 an per mail stpirminkaundorf@gmail.com oder thilnick@pt.lu

Infoen iwwer de Përmesknupp fënnt een op www.stpirminkaundorf.lu