Liewegen Përmesknupp: eng Zäitrees vun der Vergaangenheet an Zukunft.

Am 50zigsten Grënnungsjoer vun den Përmesfrënn Kaundorf war eisen Motto “Liewegen Përmesknupp”. Mer wollten de Knupp an all sengen Facetten erliewbar maachen. -An dat ass eis gelongen- Et war een magesche Summer deen mer matt villen treien Ënnerstetzer a Frënn, ewer och, an doriwwer freeë mer äis besonnesch mat ville Leckt déi fir d'alleréischt op de Përmesknupp koumen, erlieft hunn.


Eis Promenad, matt de Personnagen an de Geschichten aus villen Joerhonnerten vun dëser extraer Platz, huet eis Gäscht begeeschtert. Eis Acteuren, lauter engagéiert Amateuren, hunn di verschidden Charakteren matt Stolz an Freed duergestallt.

“A wann se néck gestuerwen sinn, dann liewen se nach haut”

Genau dat wollten mer matt eisem Spill erreechen, engem ganzen Koup Personnagen hei vum Përmesknupp no sou langer Zeit erëm eng Stëmm ze ginn.

Ob uerem oder räich, helleg oder manner helleg.

Den Erzielungen vum Hellegen Pirminus, dem Brudder Thinnes an deenen villen aneren Pateren an Eremitten, den wëlle Jaasmännchen, deen d’Baueren an den Dierfer ronderëm kujenéiert huet. Awer och all deene ville Leit déi um Përmeshaff geschafft an gewuddert hunn. Hinnen All wëllen mer matt eisem Spill gedenken.

Daat ass eise Përmesknupp an der Vergaangenheet an der Géigewaart an wann et äis nogeet och an der Zukunft.


Wann Der eis Promenaden am Juli verpass hutt, hutt Der wärend de Journées européennes du Patrimoine, Samschdes an Sonndes den 23. a 24. September Geleeënheet dat no ze huelen.

Moies em 10.00 Auer ass eng klassesch Visite “op de Spueren vum Pëmesknupp”

(Lux, D an F) .

Mëttes em 14.00 Auer ass eis animéiert Promenade zesummen mam Hellegen Pirminus dem Brudder Franz, dem Brudder Thinnes, deem schrecklechen Jaas an nach villen aneren Personnagen aus der Vergaangenheet bis an Zukunft vum Përmesknupp.

(Lux)

Den Backuewen um Haff wäert och dëmpen an mer wäerten Iech epuer Klengigkeeten ze schmaache ginn .

Des Visiten si gratis, awer ët soll een sech umellen um : Tel. 899331-1 oder iwwer email: info@naturpark-sure.lu