Spueren hannerloossen – och um 2ten Corona Päschtméindig um Përmesknupp

Vill Pilgerinnen an Pilger hunn, trotz dem néck brillanten Wieder an de villen Corona-Restriktiounen, och dëst Joer vill Spueren vun hirem Glawen an hirer Veréierung fir den Hl. Pirmin um Përmesknupp hannerlooss.

Matt der néideger Distanz, den Masken, an de matgeschleeften Klappstill, hunn all déi Leckt disziplinéiert an eescht un der Festmass deelgeholl.

Den Här Paschtouer Marco Wehles huet zesummen mam Festpriediger, dem Här Paschtouer Nico Schartz vun der Par Iewescht Syr-Saint Esprit, de Massendinger an dem Gesank ënner der Direktioun vum Liliane Cornette, un der Uergel dem Carlo Grotz eng schéin an ergräifend Mass gefeiert.

Den Festpriediger huet an senger Priedigt betount: dass vill Mënschen gingen bedaueren an hirem Liewen keen Beweis vun Gottes Presenz ze fannen. - Awer wann mer eis mol Zeit huelen fir an eist Liewen erannzelauschteren, fannen mer zwar keng Gottesbeweiser awer vill Spueren déi Gott op eisem Liewenswee hannerléisst.- Sou wi och den Hellegen Pirmin an sengem lange Wandererliewën vill Spuren an villen Länner hannerlooss huet. A ganz bestëmmt och bei eis um Përmesknupp, soss kimme neck Joer fir Joer esou vill Leckt bei Hien, besonnesch an dësen schlechten Zäiten.

Awer och dës Kris geet hoffentlich eriwwer, an “d‘Amis du Saint Pirmin - Përmesfrënn” hoffen mat allen Veréierer vum Hl. Pirmin op d’nägst Joer, fir erëm ouni Masken an Reglementer op de Përmesknupp ze pilgeren.