50. Anniversaire vun der Chorale St Pie X vu Kayl

50. Anniversaire vun der Chorale Saint Pie X vu Kayl

Viru kuerzem huet d’Chorale Saint Pie X vu Kayl op hire Concert invitéiert, deen am Kader vun hirem 50. Anniversaire an der Kayler Kierch opgefouert gouf. Zesumme mat der Chorale Sainte-Cécile vun Téiteng, der Chorale Sainte-Cécile vu Rëmeleng, dem Ensemble Vocal vum Escher Conservatoire an dem Chorklang Cäcilia vu St. Ingbert (D) goufe Wierker mam Thema «Ave Maria» virgedroen. De Concert stoung ënnert der Leedung vum Jean-Claude Thilges. D’Soliste waren d’Simone Martiny (Sopran), de Jean-Claude Thilges (Flute), an de Christian von Blohn (Uergel).

Nodeems de Leo Weber d’Leit an Éieregäscht begréisst hat, gouf de Concert ageleet mam Gebiet «Gegrüßet seist du, Maria».

Ugefaange mat engem gregorianesche Choral, koumen duerno Wierker vum Lambillote, Lachner, Elgar, Freymuth a Stravinsky. Natierlech duerft de bekannten Ave Maria vum Schubert, gesonge vum Simone Martiny, net feelen, genee wéi och dee vum Bach/Gounod, gespillt vum Jean-Claude Thilges op der Flute. An enger Paus fir d’Sänger, gouf dem Boëllmann seng Suite gothique op. 25 vum Christian von Blohn op der Uergel gespillt.

Duerno hu mer e Stéck héieren aus der Fieder vum Eugène Bley an Daniel Feis, an d’Uropféierung vun engem Ave Maria, geschriwwe vum Jean-Claude Thilges.

De Concert gouf ofgeschloss mam Lidd vun der Léiffrächen, wou d’Leit an der gutt gefëllter Kierch all konnte matsangen.

De Concert stoung ënnert dem Patronage vum Piusverband a vun der Kayler Gemeng. Duerno huet d’Kayler Gemeng op en Éierewäin an der Schungfabrik invitéiert.

Den Dag virdru gouf de selwechte Concert an der Kierch zu Sankt-Ingbert opgefouert.