From the Highlands to Galway Bay: Galaconcert 2024

De Galaconcert deen d'Harmonie Ste Cécile Kayl e Samschden de 4. Mee 2024 am Centre Culturel zu Téiteng presentéiert huet, war och deen éischte Concert ënnert der Direktioun vun enger Dirigentin. D'Iwwerreechung vun der Baguette vum Sous-Chef Marc Gillet un déi nei Dirigentin Yannice Faber war domat och e spezielle Moment. Ënnert dem Titel "From the Highlands to Galway Bay" huet d'Käler Musek d'Publikum mat op eng musikalesch Rees duerch Schottland an Irland geholl. Niewent mëttlerweil ganz bekannte Wierker wéi der Suite from Hymn of the Highlands vum Philip Sparke oder Gaelforce vum schottesche Komponist Peter Graham, wossten d'Museker een déck gefëllte Sall och mat Filmmusek wéi How to Train Your Dragon ze begeeschteren.

Solist um Duddelsak war de Fernand Heinz. Och de rezent gegrënnte Jugendensembel Käldall, deen aus de jonke Museker aus den Harmonië vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng zesummegesat ass, huet en Deel vum Concert ënnert der Direktioun vum Dany Thiltgen a Marc Gillet gespillt.

No engem gelongenen Optaktconcert freet d'Käler Musek sech elo op eng flott Zesummenaarbecht mat hirer neier Dirigentin Yannice Faber.


(Photo: Bob Koullen)