Mat deene schéine Sonnendeeg virum Léiffrawëschdag, dem 15.August, ginn d’Mirabelle séier zeideg a changéieren an e puer Deeg hir Faarf vu gréng bis hellgiel zu engem schéine goldgiel mat klenge roden Tëppelen. Dann ass de perfekte Moment fir se ze plécken. An et ginn der vill gebraucht: fir Taarten, fir Likör, fir Branntewäin, oder fir Gebeess. Lauter gutt Saachen, déi et um Mirabellefest zu Kielen ze schmaachen an ze kafe gëtt. Alles hausgemaacht - dat versteet sech - vun de Frënn vum Brennereimusée zesumme mam der Brennerei Adam a mat Hëllef vu ville Fräiwëlleger.
Mee virdru mussen di lecker Friichte mol gepléckt ginn. An der Woch viru Léiffrawëschdag si bei schéinstem Wieder eemerweis Mirabellen an de lokale Bongerten agesammelt ginn. Iwwert e puer Deeg ginn d‘Mirabelle vun de Beem gerëselt an agesammelt. Blieder a kleng Äscht ginn erausgeraf. Och ugefaulten oder muedebëtzeg Friichte ginn auszortéiert. Nëmmen d‘Qualitéit zielt. Dëst Joer ass eng gutt Recolte sécher. D‘Kielener Mirabellefest, den 31. August 2025, ka kommen!
www.brennerei.lu