DT Nouspelt: Mir brauchen är Ennerstetzung!


Nodeems d'lescht Woch eis 1 Equipe de Klasserverbleif an der Promotioun geséchert huet, steet muer Samschden de 26 Mäerz um 20.00 Auer zu Kielen an der Sportshaal e ganz wichtege Match fir eis 2. Equipe um Programm.

Mir spillen muer géint Bartreng, déi 1t an eisem Bezirk, a brauchen do souvill ewéi méiglech Ennerstetzung op der Triibune fir dese Match ze gewannen. Et geet nämlech em den OPSTIEG an déi 1. Divisioun. An als Tabellen 3ten hu mer dat nach selwer an der Hand, wa mir di lescht 2 Matcher gewannen geint ebe Bartreng, an di Woch drop geint den Tabellen 2ten vu Mamer.

Mir zielen op Iech !!!