Déi Krank sinn der Jugend net egal - 48 Stonnen, Benevoler gi Gas (Video)

(L.E.) - Am Kader vun der Aktioun „48 Stonnen - Benevoler gi Gas“ haten Guiden a Scouten vun de Verbänn LGS a FNEL uechter dat ganzt Land BAen organiséiert. B.A. steet dobäi fir „Bonne Action“. Och d'Guiden a Scouten vum Kiem hu sech dëser Initiativ ugeschloss.

Am Rehazenter an am Kongregatiounsspidol um Bricherhaf hu si zesumme mat de Kranke gespillt, giess a gepotert. Si hunn och Filmer iwwer de Scoutissem an de Guidissem gewisen. Méi heiriwwer gidd Dir an dësem Video gewuer: