Theater um Kiem/Kierchbierg "Den Idiotendîner"


De Mëttwoch ass fir de Pierre a seng Kollegen den Dag fir hieren Idiotendîner. De Prinzip ass einfach: Jidderee brengt een Idiot mat, an deen, deen dee gréissten Hennes matbrengt huet gewonn.
Dëse Mëttwoch ass de Pierre sech senger Saach ganz sëcher. Hien huet de Champion vun den Toperten, den Hennes vun den Hennessen: Den Albert Becker, comptable um Steieramt a begeeschterte Konstrukteur vu Maquetten aus Fixspéin.
De Pierre huet säin Idiot bei sech heem invitéiert, fir en ze testen. Dueno sollten si dann op den Dîner goen, awer een Akzident an der Dusch mecht dem Pierre ee Strech duerch d'Rechnong.......
Mir spillen den 7., 8., 14. a 15. Mäerz 2014 an der Salle polyvalente vun der Spillschoul um Kiem/Kierchbierg. Ufank um 20.00 Auer.
Reservatioun iwwer den Tel. 43 25 01
oder e-mail: kiemerflauterten@hotmail.com (dir kritt eng Confirmatioun geschéckt)