Porte Ouverte den 25. an 26. Mai bei de Lëtzebuerger Naturisten

25
May
2024
25 May 26 May

Am Kader vum Internationalen Naturistendag mécht de Veräin "Sports et Loisirs Naturistes, Luxembourg asbl" d'Diere vu sengem Naturistenterrain op, fir all deene Leit, di eng éischt naturistesch Experienz maache wëllen, Geleeënheet ze ginn, dëst een Nomëtten auszeprobéieren.

Op dem 4 ha groussen Terrain, deen net wäit vun der Stad Lëtzebuerg ewech läit, kënnen sech d'Visiteuren an engem natierlechen a rouege Kader e puer Stonnen ongezwongen ouni Kleeder ophalen. Sief et fir sech integral ze sonnen, iwwerdeems een säi Liblingsschrëftsteller liest, sief et fir een Tour iwwert den Terrain ze spadséieren oder fir eng Partie Petanque ze maachen, jidderee misst hei säi Gléck fannen.

Wann dir interesséiert sidd, kënnt dir méi Detailer op dem Veräin senger Homepage fannen: www.naturisme.lu oder uruffen op den +352 691 639250.