Scheck Iwwereechung vum Interesseveräin Kéiber

Dem Präsident vum Kéiber Interesseveräin Marc Daemen mat senger Ekipp war et eng grouss Freed de Vertrieder vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) e Scheck vun 2.000 € z’iwwerreechen. D'ASA investéiert dës Gelder an d’Ausbildung vun Assistenzhënn, déi fir Leit mat Behënnerung eng wäertvoll Stäip am Alldag sinn.
Dës Zomm kéint aus dem Erléis vun der rezenter Editioun vun den 12 Stonne Vëlo Kéiber, déi am September 2025 erëm e grousse Succès war, a wou eng Rei sportlech Cyclisten sech mam Luc um Klapprad ronderëm Kéiber gemooss hunn.