Et Geheimnis ass et net: ouni déi sëlleg fläisseg Hänn, déi dacks - och alt emol onsiichtbar, am Hannergrond - (mat)wierken, wier sou muncht Fest nëmmen hallef esouvill flott. Fir esou vill remarkabelt Engagement passend ze wierdegen, huet de Gaart an Heem Uewerkäerjeng all „seng“ emseg Helferlein elo kierzlech op e Mëttegiessen a geselleger Ronn agelueden.
35 Invitatioune waren erausgaangen, a 25 begeeschtert Gäscht hu guttgelaunt de Wee bis op Kéinzeg, bei den „Italiener vum Vertrauen“, fonnt. Dee gesamte Comité hat dës Invitatioun initiéiert, fir esou „Merci“ ze soen. Déi, déi leider net dobäi konnte sinn, haten sech all entschëllegt. Si waren, bis op 2 Ausnamen, ausser Land. Ee léiwe Bonjour op dëser Plaz un dës zwee. De Motto vum Dag huet d‘Ambiance treffend erëmginn : "Oggi non si lavora, oggi si festeggia" (.Haut gëtt net geschafft, haut gëtt gefeiert).
D‘Warscheinlechkeet, dass dräi Comitésmemberen duerch hir Presenz um Nationalkongress vun der CTF-Ligue zu Mäerzeg uerdentlech Retard gehat hätten, huet sech net konkretiséiert: och si ware pünktlech. Den Accueil hätt zudeem net méi häerzlech kënne sinn, et war een frou, sech a beschter Ambiance erëmzegesinn an emol eng Kéier selwer verwinnen ze loossen. 2025 war fir de Gaart an Heem Uewerkäerjeng ee besonnesch dynamescht Joer an dat ee vill Energie gestach huet. Chrëschtmaart, Rouseschnëttcours, Riesling Open bei Domaines Max-Lahr, …, Dem Veräin „seng“ Leit waren ëmmer do, wou se gebraucht goufen.
D‘Vize-Presidentin Marie-Jeanne Schambourg huet d'Geleeënheet genotzt, fir an enger kuerzer Usproch kloerzestellen: dëse Veräin dréit d'Handschrëft vun allen, déi sech mat abruecht hunn. Mat engem häerzlechen Appell huet si jiddereen encouragéiert, dëse Wee och weiderhin matzegoen. Kommend Aktivitéiten si schonn an Aussicht, a wien wëll hëllefen, ass och gär gesinn.
Bei engem exzellente Menü gouf hei am ‚Origini‘ vill gelaacht an déi eng oder aner Anekdot vu verschiddenen Eventer „opgedëscht“. Et war een sech eens: hei zitt all Mënsch un engem Strang, Mat dëser staarker Ekipp am Réck bléckt de Veräin mat Optimismus an d‘Zukunft. Top!