Chorale Lellig: Éierung fir de Jos Turpel

Viru kuerzem hunn déi zwee Gesankveräiner vu Lellig a Manternach hir Generalversammlungen ofgehalen. Bei där Geleeënheet huet de President vun der Lelleger Chorale, Jos Turpel gemengt, mat 93 wär et sou lues Zäit, fir d’Presidentschaft a méi jonk Hänn ze iwwerginn. Dorops hin ass d’Alix Klein-Ungeheuer zur neier Presidentin gewielt ginn. Fir dem „Schmatt“ Jos Turpel fir säin onermiddlechen Asaaz (83 Jar Member vun der Chorale Lelleg an dovun 38 Jar President) merci ze soen, huet de Comité décidéiert, hien zum Éirepresident vun der Chorale Lelleg ze ernennen.

Dat ass geschitt an enger Feierstonn, wou de Jos Turpel säin „Diplom“ als Éirepresident an e Cadeau iwwerreecht kritt huet. Déi Manternacher Chorale huet sech deem ugeschloss, an de „Schmatt“ huet en Héich gesonge kritt an e Lidd, wat extra fir hie geschriwwe gi war,. Duerno ass nach laang bei engem gudde Patt gefeiert a gesonge ginn.