Chrëschtmaart - 2019 - Marché de Noël

24
Nov
2019
24 Nov

Chrëschtdag kënnt méi no an fir d'Adventszäit anzelauden proposéieren Iech d'Fraen an Mammen vun Leideleng wéi all Joer en flotten Chrëschtmaart.

Den 24. November am Centre Culturel An der Eech gëtt fir jidfereen eppes gebueden. Ob dir kommt fir Iech selwer ze verwinnen mat hausmaacher Hierken oder ob dir nach op der Sich no engem flotten Cadeau sidd, hei sidd dir richteg.

Eng ganz besonnesch Attraktioun sin déi kreativ Adventskränz, déi mat vill Léift vun Hand gemaach sin. Dir hutt souguer d'Méiglechkeet personnaliséierten Kranz am Viraus ze bestellen : deelt einfach äer Wënsch fir d'Dekoratioun mat z.B. fir d'Faarf vun den Käerzen an sou sidd Dir sëcher, dass Dir en Kranz kritt, deen bei Iech passt.

D'Bestellungen gin ab elo entgéint geholl, fir dass Dir den 24. November Äeren Kranz kënnt ofhuelen fir pünktlech den 1ten Advent déi éischt Käerz unzefänken!

Do derniewt gëtt et och nach aner schéin Chrëschtdekoratiounen sou wéi vill Leckereien - wéi et sech eben fir d'Chrëschtzäit passt.

Den Erléis vun der Manifestatioun geet wéi all Joer un e gudden Zweck. D'Fraen a Mammen Leideleng freeen sech op äeren Besuch !

Fir méi Informatiounen, kuckt Iech eis Flyeren un an zéckt net op fam.leideleng@hotmail.com ze schreiwen fir en Adventskranz ze bestellen.