Fréijoersfest a Spillsaachefloumaart zu Leideleng

19
Mar
2023
19 Mar

Den Sonnden den 19ten Mäerz invitéieren iech d'Fraen a Mammen Leideleng op hiert traditionnelt Fréijoersfest .

Ab 14 Auer kënnt dir laanschtkommen an den Kultur- a Veräinsbau An der Eech fir déi schéin Saison anzelauden !

Dir wëllt en flotten Nomëtteg mat äeren Kanner verbrengen ? Extra fir d'Kanner gëtt et e Spillsaachefloumaart.

Dir wëllt an Fréijoersstëmmung kommen ? Et gëtt e grousse Choix un Ouschterdekoratiounen an Arrangementer mat frëschen Blummen.

An fir den Honger zwëschenduerch, gëtt et nieft der Kaffisstuff och Quichen (klassesch oder vegetaresch), Saumon fumé mat Toast oder Gromperenzalot mat Wirschtercher.

Fir méi Informatiounen, kuckt iech d'Flyeren hei iwwendriwwer un. D'Fraen a Mammen freeen sech op äeren Besuch !