Kannerfuesbal zu Leideleng !

05
Feb
2023
05 Feb

Dëst Joer ass et endlech erëm sou wäit: sonndes, den 5ten Februar 2023 ass Kannerfuesbal zu Leideleng !

Kommt all, grouss an kleng, verkleed an den Kulturzentrum An der Eech an dat ab 3 Auer. Do kënnt secher keng Langweil op : Musek, Spiller an aner flott Animatiounen gin organiséiert... an natierlech och wéi all Joer déi beléiften Kannertombola (Psssst, all Lous gewënnt!).

Fir dass keen Bok hongreg heemgeet, gin et natierlech och Fueskichelcher an aner Schneeckereien !

Mam Entréespräis vun 3 € gëtt ee sozialt Wierk ënnerstëtzt.

All d’Informatiounen fannt Dir am Flyer hei uewendriwwer. D’Fraen a Mammen Leideleng freeen sech op Ieren Besuch !