E Stéck vun eiser Geschicht : d’Fraen a Mammen zu Belval

Wuel kaum op enger anerer Plaatz zu Lëtzebuerg verwiewen sech d’Geschicht, déi heiteg Zäit an d’Zukunft vun eisem Land méi enk wéi um Site Belval. Fir dëss besonneg Plaatz (rem)z’entdecken, haten d’Fraen a Mammen Leideleng Den 6. Juni eng Visite vun der Cité des Sciences an dem Héichuewen vum Belval proposéiert.

27 Dammen an Hären haten sech dofir interesséiert an waren pünktlech um Rendez-vous am Gebai Massenoire. Éischt Erklärungen kruten si do vun der Guidin un Hand vun Videobiller an Maquetten vun der Ausstellung „Belval & More“. Duerno sin si duerch d’Cité des Sciences getrëppelt fir sech déi nei Gebaier an d’Amenagementer vun den erhalenen Industriegebaier unzekucken. Gutt gefall hun och dei flott ugeluechten Plaatzen : wann d’Studenten um Belval agezunn sinn, gëtt dat ganzt richteg lieweg an liewenswert ! Duerno sin si op den Heichuewen gaangen wou hinnen d’Guidin och do déi néideg Explikatiounen gin huet. Net ze verpassen : vun der Plateforme aus huet een, besonneg bei guddem Wieder, eng herrlech Vue iwwert den ganzen Site.

Esou konnten si ganz zefridden den Dag bei engem gudden Iessen auskléngen lossen.