2009 hate mer gudd 180 Déierefrënn an Déiereschützer zesummekritt, déi mat hire Muppen matgetrëppelt sin, 2010 waren et der nach e puer méi, 2011 waren et der och erem em déi 200.
Sieft och DIER 2012 mat dobäi fir der Regierung an der Welt ze weisen, dass en Déier an der heiteger Gesellschaft e Familjemember an e Liewewiesen as, a KENG Saach!
Gidd och Dier mat eis de Sonndeg, 7. Oktober 2012 eng Stëndchen durch d’Stad a weist der Welt, dass d'Déieren de Lëtzebuerger net egal sin.
Treffpunkt as um halwer 3 um Glacis, a fir d’Organisatioun anzehalen gin mir um Punkt 15.00 Auer fort.
All gudd sozialiséierte Mupp un der Léngt as wëllkomm!
Denkt och w.e.g. un „Doggybags“ fir dee kléngen Akzident ënnerwee!
Fir eis Zesummegehéieregkeet ze weisen, biede mer iech eppes Roudes unzedoen!
Dest Joer gett et och erem eng Spendenaktioun, wann Dier un T-Shirts oder Muppenhalsdicher mam Numm vum Mupp interesséiert sidd, mellt Iech w.e.g. hei: info@pet-psy-cafe.eu .
All selwergebastelt Transparenter oder Plakater zum Thema Déiere(-schutz) sin natierlech wëllkomm.
Virgeschloen Themen (z.B.:):
- Géint Déieremësshandlungen & Déierequälerei zu Lëtzebuerg
- Géint Rassendiskriminéierungen a Rasselëschten zu Lëtzebuerg
- Fir e bessert Déiereschutzgesetz FIR eis Hausdéieren a GEINT Déierequäler zu Lëtzebuerg!
- Fir eng (besser) EUTHANASIEkontroll !
Dier wësst, dass et sech heibäi em eng friddlech Demonstratioun handelt, mir wëllen mat eise Muppen positiv opfalen an eppes fir eis Déieren bewierken.
Et gëtt awer kloer dorop higewisen, dass KENG INTOLERANT Plakater, Transparenter a Sprëch géint Fleeschéisser an/oder Vegetarier geduld gin!
Merci fir Äert Verständnis an d'Déieren zielen op Iech!