Back to the Roots im Lycée Robert-Schuman

Et ass elo schonn fir déi 3. Kéier, dat den LRSL de leschte Freiden virun der Ouschtervakanz seng “anciens” Schüler, déi hier Première virun 2-3 Joer gemaach hunn, invitéiert zeréck zu hire Wuerzelen ze fannen.
Et geet eis un éischter Stell dorëms, fir ze wëssen, wat si mat deem, wat si bei eis geléiert hunn, ufänken an hirem Studium, bzw. wat aus hinnen ginn ass, wann si net studéiere gaange sinn. An doriwwer eraus, interesséiert et eis aktuell Deuxième- a Premiere Schüler och, wat am Unisstudium op si duer kënnt, sief et wat Wunnen, Transport, a last but not least, de Studium u sech ugeet.
Am flotte Kader vun eisem Festsall organiséiert d’ Optioun Musek ënnert der Leedung vun der Madame Wolter de musikaleschen Encadrement a suergt och fir déi angenehm Atmosphère beim Patt, op deen d’ Direktioun dono invitéiert.