Déi "675" Editioun vun der Schueberfouer huet ugefangen

Déi éicht Fësch sinn zervéiert, well vun Haut de Metteg 12 Auer un sinn d'Iessbuden op der 675 Schueberfouer op.

Vu 14 Auer uns kënnt dir dann och schonn vun deene sëlechen Spiller op der Fouer profitéieren. Dëst Joer ginn et véier grouss Néiegkeeten ze entdecken. Et sinn dat d'Wilde Maus XXL, Haunted Mansion, The Tower Event Center und Goldsünde.

Wéini steet ären éischten Besuch op der Fouer un ? 

Wann dir op der Fouer gitt da vergiesst net äre Fotoapparat matzehuelen.

Maacht Fotoe vun der Fouer a vun Iech op der Fouer a luet déi Biller dann gratis bei www.mywort.lu erop.

mywort.lu dat sidd Dir !

(Fotoen: Chris Karaba, Lëtzebuerger Wort)