Dr. Caroline Döhmer op Besuch am LGL

Den 21. Abrëll 2022 war d’Dr. Caroline Döhmer, Linguistin am Zenter fir d’LëtzebuergerSprooch (ZLS) op Besuch op de Klassen 2A a 4C04.

Si huet de SchülerInne souwuel hire Studiewee (no hirer 1A am LGL) wéi hir Carrière bis ewell virgestallt. Niewent 70 Emissiounen Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch um Radio 100,7 huet d’Dr. Döhmer um LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) matgeschafft, ënnerriicht op der uni.lu a schafft beim ZLS. Mat vill Begeeschterung huet si hirenNolauschterer an Nolauschterinne vun hirer Fuerschungsaarbecht am Domän vun der Lëtzebuerger Sprooch erzielt an d’Bedeitung vun der Analys vun der Sprooch erkläert. Sihuet eis SchülerInnen encouragéiert, hiert Liewe laang virwëlzeg ze sinn, an ëmmer neesFroen ze stellen, fir virunzekommen. Doriwwer eraus huet si de SchülerInnen extreemnëtzlech Tipps mat op de Wee ginn, wéi si beim Choix vun hirem Studium respektiv hirerSektioun virgoe sollen. Op der 2A huet si sech vill Zäit geholl, fir op déi ënnerschiddlechInteressien a Beruffswënsch vun de SchülerInnen anzegoen. Der 4C04 konnt si eng méilinguistesch Approche am Ëmgang mat der Sprooch vermëttelen an de SchülerInnen esou neiIddien an Ureegunge ginn.

Mir soen der Dr. Caroline Döhmer villmools Merci fir déi interessant Presentatiounen an hirwäertvoll Hëllef bei der Orientatioun.

Simone Biewer a Pascal Didling (Professeren aus dem LGL)