De Fraentreff Luerenzweiler war ganz houfreg bei engem Ofschlossiessen de 14. November 2025 Schecke vu jeeweils 3000€ u 4 Associatioune kënnen z'iwwerreechen. D'Vertrieder vun ALAN, Europa Donna Luxembourg, Femmes en détresse a Wonschkutsch hunn deene ronn 40 Memberen e grousse Merci gesot an hier Associatioune kuerz präsentéiert.