"Les moules sont arrivées!"

Den Weekend vum 22. an 23 September stung rem dat alljährlecht Mullefest mat letzebuerger Kascht um Programm. De Lorentzweiler Fussball hat agelueden an gouf net enttäuscht : Vill Leit haten den Wee bis an den Centre Culturel fonnt, de Centre war bis zur leschter Plaz gefellt.

Um Menu stungen, wei war et anescht ze erwaarden, "Mullen au Riesling oder Mullen a la creme." Och fir dei Leit, dei sech biswell na net mat den Mullen ugefrennt hun, stung eppes um Menu : Entweder den traditionnellen "Judd mat Gaardebounen", "Ham Friten an Zalot" an och dei kleng Matbierger roufen net enttäuscht ; de Kannermenu huet dat ganzt dann nach ergänzt.

D Equipe vum FC Lorentzweiler seet den Leit Villmols Merci datt se op d Fest komm sin an natierlech och deenen Freiwellegen, dei hannert de Kulissen (Spull, Comptoir) täteg waren.