Rover vun der FNEL hëllefen an Tanzania

D'Rover vun der FNEL, dorenner 3 Rover vun den Panthères Noires vu Luerenzweiler, hunn dëst Joer e ganz besonneschen Projet an d’Liewen geruff.

Si ënnerstëtzen IOP (Ilula Orphan Program), eng weltwäit unerkannten Organisatioun an Tansania, déi sech em Weesekanner këmmert.

Den Haaptdeel vum Projet, niewt der Aarbecht als Volontär sur place am August, besteet dran fir Tafelen an de Schoulen am Ëmkrees vun 20 km ronderëm Ilula unzesträichen.

Fier dese Projet ze realiseieren sammelen mir Suen fier d’Material fir dëse Projet (Tafellack a Pinselen) ze finanzéieren an och fier Schoulmaterial fir d’Kanner ze kaafen.
Merci fir Är Ennerstëtzung!

Wann dir ons ennerstetze wellt kennt dier hei online spenden:
http://www.gofundme.com/rovertanzania

Dir fannt ons och op Facebook:
http://facebook.com/Rovertanzania

More news by Elodie Longo >