Bei herrlechem Hierschtwieder an an der momentaner Situatioun war de siwenten " Lokale Maart " zu Luerenzweiler ganz gutt besicht !
Op engen 20 lokal a regionalen Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté , Wëldpaté , Wëldzoossis a Villes méi verkaf. Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gestrécktes , Gemooltes asw.
Fir Iessen a Gedrénks hunn déi lokal Veräiner gesuergt.
Während dem Aperitif war eng " Brass Band " fir déi gutt Stëmmung zoustänneg.
Dat ganzt war organiséiert vum Klimateam Gemeng Luerenzweiler .
Fotoen: Steyer- Fonck Alice
© copyright