De Lions Club Luxembourg Europe iwwerreecht 15.000 € un 3 Associatiounen

Viru kuerzem huet de LIONS CLUB LUXEMBOURG - EUROPE als Resultat aus hiren "actions sociales" am Exercice 2022/2023 3 Schecken am Gesamtwäert vu 15.000 € un 3 Associatiounen iwwerreecht. Dozou gehéiert och den Erléiss aus dem Verkaf vun hirem Bio - Cremant den d’Kellerei Sunnen-Hoffmann ënnert dem Numm « Crémant de Luxembourg Schengen - Europe » fir de Club produzéiert (https://sunnen-hoffmann.lu).

De Past-President Marc Loesch konnt zesumme mam aktuelle President Georges BINGEN dem Här Olivier CONRARDY, President vun der Associatioun Aide aux Philippines 5.000 € iwwerreechen. Zënter senger Grënnung nom schwéieren Taifun Haiyan am Joer 2013 engagéiert sech d’Associatioun ënnert dem Impuls vum Olivier Conrardy d’Liewe vun deenen duerch d’Naturkatastrophen an aneren Noutfäll betraffene Mënschen duerch humanitär Hëllef op der Platz ze verbesseren. Dozou gehéieren de Bau vun Holzhaiser, Installatiounen fir den Zougang zu properem Drénkwaasser, aer och d’Entwecklung vu Bildungs – an Entwécklungsprogrammer an aner Aktivitéiten (www.aidephilippines.lu)

5.000 € sinn och dëst Joer erëm un d’Organisation Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, en Organisatioun déi de LIONS Club Luxembourg Europe schonn zënter 2007 finanziell ënnerstëtzt. Dëse Projet, dee vun engem Lëtzebuerger geleet gëtt deen an Namibia wunnt a schafft, ënnerstëtzt Kanner déi hir Eltere verluer hu resp. Elteren hunn déi sech net em d’Kanner këmmere kennen. Ziel besteet doran, de Kanner et ze erméigleche selbststänneg ze liewen ouni finanziell Ënnerstëtzung aus dem Ausland. Aktuell ass d’Organisatioun domat beschäftegt, hiren „Hostel“ de 24 Kanner empfänke kann, nei ze amenagéieren a fir weider Aktivitéiten auszebauen. (theresiafoundation.org)

Weider 5.000 ginn un den Dr Georges Kratzenberg an seng Associatioun Un sourire pour l’Equateur a.s.b.l., déi de Lions Club Europe zënter 2018 ënnerstëtzt. Dëse Projet huet zum Ziel, de Leit an engem vun deenen äermste Länner vu Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm de Leit déi elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinne Material zur Verfügung ze stellen (asmileforecuador.org/).